D'Lourdes-Grotte vum Pilatusbierg

An den 30er Joeren as um Pilatusbierg zu Eech eng Grott entstaanen déi bis an d'60er Joeren vu ville Gleewegen besicht gin as. An de leschte Jorzéngten as se awer lues a lues verkomm a Leit déi nët allzegudd zu Fouss woren sin nët méi op den Terrain vun der Grott era komm.

Zenter dem 7. Dezember 2013 erstrahlen d'Statuen elo a neiem Glanz an der "neier" Grotte niewt dem Paschtoueschhaus zu Weimeschkiirch an och an der Porkiirch. Hei as d'Geschicht vun der Lourdes-Grotte vum Pilatusbierg, zesumme gefaasst an engem animéierten Diasmontage.