Daaferënnerungsfeier am Parverband Weimeschkiirch-Beggen

Wéi schons zënter e puer Joer, huet och dest Joer de Parverbandsrot vu Weimeschkiirch-Beggen all Elteren mat hire Kanner, déi am Laaf vum vergaangene Joer am Porverband gedeeft si gin, op eng Daferënnerungsfeier an d'Porkiirch op Weimeschkiirch agelueden.

Och d'Geschwester vun de Gedeeften, hir Famill a Frënn woren haerzlechst invitéiert. E puer kleng Texter an e puer besënnlech Wierder, déi den Aarbechtsgrupp preparéiert haat, hun déi vergaangen Daaffeier an Erënnerung geruff, ier et duerno, bei engem klenge Kaffiskränzchen am Parhome, fir déi jonk Familjen d'Méigelechkeet gouf fir ënnerteneen Kontakt ze knëppen.