En aale Frigo vun 110 Volt verzielt …

Läschte Samschdeg de Moien hu mech zwee Männer aus de Scouten hirem Keller eraus geplënnert an zu Weimeschkiirch um Parking beim Porhome einfach oofgesaat. Du stoung ech do wéi bestallt a nët oofgeholl … bis Nomëttes eng Herd vu Leit opgetaucht as a rondrëm mech Zelter an Descher opgeriicht hun.

Dags drop um 10 Auer as et du lass gaang. Emmer méi Leit sin op eemol komm an hu sech aus mir Gedrénks zervéiere gelooss. Rondrëm mech Spiller fir Kanner, Iessen, Waafelen, Floumaartsgeschirr an esou weider. Et wor e flotten Dag an och déi kleng Reeschauer huet d’Leit nët verdriwwen, well sie soutzen jo gudd an hiren Zelter. Awer géint der Owend hu sech mech nees opgelueden an nees am Keller oofgesaat.

Ech hun héieren dat se iwwert d’nächst Joer riets haaten. Hoffentlech get eppes draus. Ech jiddefalls frée mech schon drop …