Firmlingen am Dengscht vun aanere Kanner

E Méindeg, den 9. Januar 2012, hun d’Firmlingen vum Parverband Weimeschkiirch-Beggen un enger Konferenz vun Bridderlech Deelen deelgeholl an an deem Kader déi ronn 830 Euro, déi se duerch hir Stärenaktioun an alle Kiirchen vun der Por während der Chrëschtzait gesammelt haaten, iwwerreecht. Den Don as bestëmmt fir de Projet an der Favela vu Morro São Carlos zu Rio de Janeiro.

Bridderlech Deelen ass do zënter 2004 engagéiert. Ziel ass et de Kanner eng Begleedung fir Schoul a Fräizäit uzebidden, fir si aus dem Ëmfeld vu Gewalt an Drogenhandel erauszehalen.

Alle Firmlingen, déi sech fir dës gudd Saach agesaat hun, an alle Kiirchegänger, déi während de Véier Sonndeger nët einfach laanscht d’Firmlingen gaang sin, mee eng oder méi Dekoratiounen kaaf hun, soe mer Villmols Merci !