Firmlingen am Dengscht vun aanere Kanner : Konferenz a Scheckiwwerreechung u Bridderlech Deelen

E Méindeg, den 7. Januar 2013, hun d’Firmlingen vum neie Firmgrupp vum Parverband Weimeschkiirch-Beggen un enger Konferenz vun Bridderlech Deelen deelgeholl an an deem Kader déi ronn 800 Euro, déi se duerch hir Stärenaktioun an alle Kiirchen vun der Por während der Chrëschtzait gesammelt haaten, iwwerreecht. Den Don as bestëmmt fir de Projet zu Ségou am Mali.
.
Méi genee Informatiounen iwwert de Projet kruuten se vun der Madame Martine Regenwetter vu Bridderlech Deelen virgestallt. De Projet bitt 80 Jongen a Meedercher tëscht 13-22 Joer d'Méiglechkeet fir während 2,5 Joer eng Beruffsausbildung zu maachen.

Interessant as virun allem datt déi Jonk um Enn vun hirer Beruffsausbildung dat néidegt Handwierkgeschier geschenkt kréien daat si brauchen fir an hirem Beruff ze schaffen.

Weider Informatiounen zum Projet
http://www.bridderlechdeelen.lu/projets/descriptions-de-projets/Mali-Segou

Alle Firmlingen, déi sech fir dës gudd Saach agesaat hun, an alle Kiirchegänger, déi während de Véier Sonndeger nët einfach laanscht d’Firmlingen gaang sin, mee eng oder méi Dekoratiounen kaaf hun, soe mer Villmols Merci !