Konferenz a Scheckiwwerreechung u Bridderlech Deelen

Ewéi schons déi läscht Joeren hun d’Firmlingen vum Parverband Weimeschkiirch-Beggen mat hirer Stärenaktioun während der Adventszait Geld an de Kiirchen vum Parverband gesammelt fir aanere mannerbemëttelte Mënschen ze hëllefen. Bei der Aktioun vun dësem Joer sinn 825€ an enger Konferenz iwwerreecht gin.

Hei der Madame Martine Regenwetter vu Bridderlech Deelen hiren Exposé iwwert de Projet, deen eis Jonk, déi sech op d'Firmung virbereeden ënnerstëtzt hunn.

„ Säit éiwegen Zäiten hunn d’Maya-Q`eqchi’ aus Cahabón, am Guatemala, hier Felder no uraalen traditionelle Methode bestallt. Haut ass dat net méi méiglech. Ze vill Mënsche bevëlkeren d‘Regioun, et gëtt net méi genuch Akerland fir jiddereen. Des Situatioun gëtt duerch multinational Firmen, déi d’Land hektarweis opkafe fir Monokulturen unzeplanzen oder Rohstoffen auszebeuten nach verschlëmmert. Duerch intensiv Landwirtschaft, déi dem Buedem keng Phasë vu Rou méi gënnt, duerch dat traditionellt Ofbrenne vun de Felder, duerch déi zounehmend Erosioun an den Hiwwellandschaften ass déi fruchtbar Buedemschicht staark ugegraff, heiansdo huet si um Ufank vum Projet, virun zéng Joer, just nach 5 cm ausgemaach. An esou engem Buedem kann näischt wuessen.

Dofir war et néideg, d‘Maya-Q’eqchi‘ an hirer landwirtschaftlecher Entwécklung ze begleeden. Dat mécht dann och d`Stëftung Fray Domingo de Vico mat vill Engagement. An hirer Landwirtschaftsschoul léieren déi Jugendlech Q’eqchi‘ d’Methode vun nohalteger an ökologeschen Agrikultur: et gi vill verschidde Kulturen ugebaut, niddreg Gesträich gëtt zur Bekämpfung vun der Erosioun agesat, selwer hiergestalte Kompost gëtt als Dünger benotzt. Fir datt och wierklech e Wandel stattfanne kann, verlaangt d`Stëftung, datt och d’Eltere vun de Jugendlechen sech fir déi nei Methoden asetzen. Si huelen un Elterenseminairen Deel a verstinn esou Schrëtt fir Schrëtt, wat si ännere kënnen. D`Mamme léiere wéi een e Familljengaart uleet, deen der Famill eng equilibréiert Ernährung erméiglecht an hinne geleeëntlech zu zousätzlechem Akommes verhëlleft.

Lues awer sécher fënnt en Ëmdenken an der Regioun statt. Honnerte vu Familljen hunn elo opgehalen hier Felder ofzebrennen an alternativ, nohalteg Methoden anzesetzen. Honnerte vu Gäert sinn entstanen.

Säit 2012 funktionéiert elo och eng Agronomie-Héichschoul déi Experte fir d’Regioun ausbilde soll fir d’Mënsche weider op hirem Wee ze begleeden.
Säit 2010 beméit déi vun der Stëftung gegrënnte Produktiounsgesellschaft INUP sech drëm den Zesummenhalt ënnert de Baueren ze förderen an déi gemeinsam Veraarbechtung vun de landwirtschaftlechen Erträg ze erméiglechen. Mat hire Schokelas- a Gewürzproduiten erueweren si de lokale Marché.

2014 ginn 191.703,09€ gebraucht fir de Projet ze ënnerstëtzen. De lëtzebuerger Staat iwwerhëlt 80% dovun, wann Bridderlech Deelen 20% sammelt. Dozou hunn d`Firmjugendlech aus dem Parverband Weimeschkierch-Beggen hiren Deel bäigedroen a mir soe MERCI ! “