Expo "FC Koeppchen, a century of football"

06
Mar
2021
06 Mar 07 Mar 09 Mar 11 Mar 13 Mar 14 Mar

Am Kader vum Centenaire vum FC Koeppchen Wormeldange (gegrënnt 1919) geet de Samschdeg, de 6. Mäerz 2021 vu 15 - 18 Auer am Centre culturel zu Wormer een Ausstellung iwwert 100 Joer FC Koeppchen op.

De Visiteur entdeckt op sengem Rondgang déi verschidde Facettë vum Veräinsliewen, vu fréier a vun haut, dokumentéiert mat eener Auswiel u Fotoen, originalen Ënnerlagen, Sportséquipementer an aner Kuriositéiten.

D’Ausstellung fënnt am strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren an de Geste barrières statt.

Weider Ëffnungszäite fannt dir op fckoeppchen.lu an op Facebook.