10. Editioun vum Kinder +SPORT Youth Cup 2012

E Sonndeg, den 3. Juni 2012 organiséiert d’Jugendkommissioun vum FC Koeppchen Wormer fir déi 10. Kéier de Kinder +SPORT Youth Cup um Terrain zu Wormer.
Un dësem Tournoi fir Pupilles (U9) huelen niewent 18 lëtzebuergeschen Équippen och nach 12 international Équippen deel, dorënner Veräiner wéi Rapid Wien, KAA Gent, 1.FC Kaiserslautern, 1.FC Köln, Fortuna Düsseldorf, MSV Duisburg, FC Metz.