FCKoeppchen Poussins weiderhin gutt a Form

E Sonden hunn d´Poussins vun Bieles sech op den Wee op Musel gemaach vir géint Wormer Equipe unzetrieden. Déi éischt Halschent sollten déi Miseler vill Goalchancen kréien, mä leider keng notzen vir an Féierung ze goen. Am Geigensatz dozou ass een Schoss op den Wormer Goal duergaangen vir déi Bielesser, an et stoung an der Halschent 0:1.

Wei schonn sou oft hunn dem Trainer seng Uweisungen an den Vestiairen awer hir Friichten gedroe an den Goalkeeper vun Bieles huet gläich 5 mol missen hannert sech gräifen an der zweeter Halschent. Duerch e gutt Zesummespill vun der Mannschaft huet den Ivo Silva 3 Goaler an den Eric Weisgerber 2 Goaler geschoss, dovunner jeeweils jiddereen een mam Kapp. D´Supporteren déi wei ëmmer zahlreich vertrueden waren, freeën sech elo op deen nächsten Match nächsten Sonden géint Jonglënster.