Interview mat den Poussins vun der Wormer Koeppchen no enger batterer 5:3 Néierlag géint Péiteng:


1. Halschent:
"Mir hunn gutt gespillt an waren an der Ufanksphase déi bescht Equipe um Terrain, mä leider sinn eis Goalchancen net eragaangen, wat eis zimlech demoraliséiert huet."

2. Halschent:
"Wei no 5 Minutten dräi vun eisen Stammspiller, duerch Foulspill, verletzt hu missen vum Terrain goen war d´Loft eraus. Mir waren net gewinnt dass sou ruppeg gespillt gouf an hunn eis einfach opginn. Eisen groussen Fehler war dass mir opgehalen hunn mat kämpfen, well soss wier vill méi dran gewiescht vir eis."

D´Fro op den Trainer hätt missen eng aner Taktik fueren oder soss hätt missen anescht handelen, ass mat engem unanimen Neen beäntwert ginn.

„Et war ganz alleng eis Schold, dass mir dësen Match verluer hunn“

Sou eng gutt Selbstaschätzung kann een nemmen luewen.