Iwwer verlueren Zänn, vill Goaler an Mammendagsrousen.

Sonndeg Moien 10 Auer zu Kanech um Terrain: 5 Minutten nom Upaff schéisst den Racing 2 den éischten Goal géint Poussins vun FCKWormer. Mais gläich drop fannen déi Wormer zu hirem Spill an den Ivo gläicht zum 1:1 aus. Desst sollt och net den leschten Goal sinn vir des Halschent. 3 mol huet den Racingsgoalkeeper nach missen hannert sech gräifen, duerch Treffer vum Brice, Joshua an Ivo.

An der zweeter Halschent huet den Trainer seng Equipe eemol ganz nei opgestallt an sou sengen Bouwen d´Méiglechkeet ginn op där Positioun ze spillen wou si schonn ëmmer eemol wollten stoen. Den Nils an den Joshua am Mëttelfeld, den Fränz lenks Mëtt, den Eric riets Mëtt, hannen lenks den Louis/Brice, hannen riets den Raphael/Amiel, hannen Mëtt den Lucas,den Ivo an den Stuerm just eisen Goalkeeper Eric ass op senger Positioun bliwwen. Mee och an dëser ongewinnter Opstellung, an sécherlech gedroen vun deenen villen Supporter déi och op Mammendag rondrëm den Terrain stoungen, sinn nach weider 5 Goaler gefall déi een op den Kont vum Eric, Nils, Amiel an zweemol Ivo konnt verbuchen. Alles an allem war et een fairen Match och wann no engem haarden Zweekampf een Zant vum Kapitän Nils huet missen vum Terrain gedroe ginn. Dess Kéier haat den Trainer och 3 Pupilles (Fränz, Brice, Louis) mat op den Match geholl, an et huet een een klengen Virgeschmaach op nächst Joer kritt, wou dess Bouwen ganz sécher wäerten vir sou munch Victoire suergen.

Also Ofschloss sinn dunn Spiller an Supporter ob den Wormer Terrain op een Grillfest zu Mëtteg iessen gaangen, an d´Mammen hunn hier traditionell Rous kritt.