Spilleresch e super Match e Sonden um Terrain zu Jonglënster!


Op der Affiche stoung den Poussinsmatch: FCKoepchen - FC Jonglënster. Bei lefftegen Wieder haten sech vill Zuschauer um Terrain zu Jonglënster afonnt. Et ass direkt mat guddem Tempo lassgaangen an no 10 Minutten huet den Nils Wintersdorff een Corner an een onhaltbaren Schoss vir den Goalkeeper vun Jonglënster zum 0:1 verwandelt. Och Jonglënster haten e puer gutt Goalchancen, déi allerdéngs ëmmer um Wormer Goalkeeper Eric Beckius hänken bliwwen sinn. Kuerz virum Halbzeitpaff huet den Mattis Noel nach een Corner an den Strofraum bruecht deen den Ivo Silva mam Kapp zum 0:2 verwandelt huet.

Déi zweet Halschent huet et praktesch direkt nom Ustouss am Wormer Goal, duerch eng Onopmierksamkeet vun der Verteidegung gerabbelt an et stoung 1:2. Béid Equipen hunn sech näischt geschenkt an 10 Minutten virum Oofpaff geléngt deenen Jonglënster no engem Corner den Ausgläich. Dunn ass awer den Kampfgeescht vun deenen Wormer Poussins reicht richteg waakreg ginn an souwuel Eric Weisgerber wei och Raphael Rodrigues hunn Goalchancen rausgespillt. Den definitiven 3:2 ass awer dem Fränz Sinner kuerz virun Schluss gelongen. Desst war een verdéngten Endresultat vir eis Wormer Poussins, déi haut een ganz schéinen Futtball gewisen hunn.