Véirelsfinale vun der Coupe vir Poussins vum FCKW

Den 17. Abrëll um hallwer 6 ass den Match Bascharage géint Wormer pünktlech ugepaff ginn. Déi Käerjenger Poussins hunn relativ schnell eng geféierlech Aktioun op den Wormer hiren Goal rausgespillt, mä duerch eng schéin Aktioun vum Goalkeeper Eric Beckius ass et nach beim 0:0 bliwwen, an ähnlech Situatiounen sollten nach e puermol erëmkommen an dësem Spill. Ausserdeem hunn déi Käerjenger och hannen gutt zougemaach an eis Bouwen haten hier Schwieregkeeten vir bis virun den géignereschen Goal ze kommen. Duerch vill Feelpassen op béiden Säiten huet och eng gewëssen Nervositéit sech am Match ausgebreed, déi lues a lues bis op Zuschauer iwergaang ass. 3 Minutten virum Schluss vun der éischter Halschent huet den Fränz Sinner endlech een Corner an den 1:0 verwandelt. Desst Resultat hunn si dunn och mat an den Vestiaire geholl.

Nom Téi huet Zesummespill vun der Equipe vun Wormer bëssi besser geklappt an si hunn sech e puer ganz schéin Goalchancen erausgespillt. Dem Joshua Ferreira säin direkte Schoss sollt um Goalkeeper scheiteren an dem Ivo Silva säin festen-  awer leider Laateschoss huet Zuschauer richteg un brodelen bruecht. Elo ass vun alle Säiten mat gefeiwert ginn, well och Bascharage hat weiderhin seng Goalchancen. 4 Minutten virun Schluss huet den Eric Weisgerber dunn een Alleingang op den géignereschen Goal gewot, an ouni d´Nerven ze verléieren den 2:0 geschoss. Desst war och d´Endresultat an lo gëtt mat Spannung an deem neidegen Optimismus an Richtung Véirelsfinale gekuckt, waat een op der leschter Foto um Gesiichtsausdrock vum Trainer och daitlech geseit.