2 nei Figuren am Shop vun de "Lëtzebuerger Massendénger"

Léif Alleguer,

Mir bidden Iech d’Méiglechkeet, fir eng kleng Tarcisiusfigur vu +/- 8cm (Schutzpatroun vun de Massendénger) an och eng Figur vun der Tréischterin bei eis an der Zentral ze kafen.

D’Tarcisiusfigur (10€/Figur) gouf an Zesummenaarbecht mam CIM (Coetus Internationalis Ministrantium) erausginn – a passend zur Figur bidde mir Iech op der mam dem direkte Link https://web.cathol.lu/article11107 den Download vum klengen Erklärungstext zum Hellegen Tarcisius an och ee Gebiet fir Massendénger un, an dat op ville Sproochen (L/D/F/GB/I/P/ES/H/HR/PL).

Bei eis an der Zentral kennt Dir awer och dës Figur vun der Tréischterin vun +/- 10,5cm (13€/Figur) bestellen – och hei bidde mir iech ënner dem direkte Link https://web.cathol.lu/article11108 den Download vun engem klengen Erklärungstext op ville Sproochen (L/D/F/GB/I/P/ES/H/HR/PL) un.


Dës Figuren kënnt Dir bei eis an der Zentral bestellen an op Rendez-vous siche kommen oder mir kucken eng Léisung fir d’Ausliwwerung via Dekanat ze fannen. Mellt Iech einfach am Beschten dofir via Mail an der Zentral. Selbstverständlech verschécken mir och (da kënnt de Porto awer nach dobäi). Fir Bestellunge bis zum 05.05. bidde mir Iech och un, alles am Bistro am Oktavzelt ewechzehuelen (eeben zu deenen Auerzäiten, wou op ass).


Reegelméisseg bidde mir Iech och eng “Porte Ouverte” un – zu Zäiten, wou eis Zentral am Centre Convict (Bloc A, 2. Stack) op 5, avenue Marie-Thérèse an der Stad besat ass. Fäert net, fir eis besichen ze kommen – mir si fir Iech do a lauschteren Iech och no.

Hei déi nächst Datumer – op eiser Homepage ginn d’Datumer vun der “Porte Ouverte” reegelméisseg publizéiert:

27.04.2022: 16.30 – 19.00 Auer

03.05.2022: 10.00 – 12.00 Auer

21.05.2022 : 13.30 – 14.30 Auer

01.06.2022: 14.00 – 16.30 Auer

11.06.2022: 14.00 – 16.30 Auer

Iech all elo nach eng geseenten Ouschterzäit
Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral


https://web.cathol.lu/rubrique2512