D'Stater Sozialisten hun hiere Wahlprogramm presentéiert

Op enger Pressekonferenz hun d'Stater Sozialisten hire Wahlprogramm fir d'Gemengewahlen 2011 presentéiert.

Dëse Programm besteet aus 2 Deeler: een allgemengen Programm deen déi verschidde Gemengepolitiken couvréiert, an ee spezifeschen Quartiersprogramm deen eng ganz Rei Virschléi fir déi eenzel Stater Quartieren beinhalt.

D’Prioritéiten vun de Stater Sozialisten fir déi nächst 6 Joer sinn d’Familljen- a Kannerpolitik, d’Stadentwécklung, a speziell de Wunnengsbau, a schlussendlech d’Transparenz an d’Participatioun vum Bierger.

D’Stad muss rëm méi kannerfrëndlech sinn an un d’Besoinen vun de Familljen adaptéiert ginn. Méi Betreiungsplazen an de Crèchen an an de Foyers scolaires, méi flexibel Ëffnungszäiten déi de beruffstätegen Elteren entgéint kommen, eng Indoorspillplaz, méi bezuelbare Wunnraum, den Erhalt vum architektoneschen Patrimoine vun der Stad, d’Verëffentlechung vun de Kommissionsrapporten, livestream-Iwwerdroung vun de Gemengerotssëtzungen sinn just e puer vun hiren Virschléi.

Bekämpfung vun den héijen Taxispräisser, en iwwertdaachte Wochemaart, Ënnerstëtzung fir d’Kënschtler an d’kreativ Aktivitéiten, en seniorefrëndlechen Espace public an Ënnerstëtzung fir jonk Enterpreneuren mat innovativen Ideeën si weider Proposen déi d’Stater Sozialisten an hirem Programm festgehal hunn.

De Programm vun de Stater Sozialisten ass hei op hirem Site ze fannen.
http://statersozialisten.lsap.lu/stater-sozialisten_Home.669-5.html