Generalversammlung bei der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL)

An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op dat lescht Joer zréck gekuckt : Prouwen, Concert-ën uechter d’Land, Sprangprëssëssioun zu Iechternach, Participatioun bei der « Journée de l’Accordéon » zu Éiléng. Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass gesond ; d’Keess gouf exemplaresch gefouert.
De President felicitéiert d’Accordeoniste fir hir gelonge Prestatioun bei der “Journée Nationale de l’Accordéon” zu Ierpeldéng a weist sech erfreet iwwert di geleeschen Aarbecht all Woch an den iwwer 40 regelméisseg gudd besichte Prouwen.
D’Versammlung huet an enger Gedenkminutt un hiren am August 2011 verstuerwenen Dirigent Félix Hausemer geduecht.
Am Comité ginn d’Mandater vum Monique (Member) a Fernand Buchholtz (Vize-President) a vum Brice Junius (Tresorier) erneiert. De Raymond Mahnen ass President, de Guy Schmit an de Romain Kraus si Member vum Comité.
Fir d’Joer 2012 huet d’SMAL schonn eng Parti Engagementer : Concert-ën zu Berbourg, Heisdorf, Rosport, Colpach-Bas, Beggen, Diddeléng a Stengefort, d’Sprangprëssëssioun zu Iechternach an en Optrëtt zu St. Vith (B) bei engem internationale “Grenzlandtreffen”.
D’Versammlung gouf ofgeschloss mat enger 20-Minutte-Billershow, déi d’Danielle Ludwig aus senge Fotoën zesummegestallt huet, an an där déi wichtegst Etappen aus dem läschte Joer visuell Revue passéire gelooss ginn.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet bekannte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden. Fir méi Detailer kuckt w.-e.-g. ënnert www.accordeon.lu.