Generalversammlung vum 27.3.2024 Fraen a Mammen Berdorf

06
avr.
2024
06 avr.
Evenement, Foto: Fernand Schmitz

Generalversammlung 2024 vun de Fraen a Mamme Berdorf

Den 27. März konnten d'Fraën a Mamme vu Berdorf op hirer Generalversammlung Schecken am Wert vun 20.000€ iwwerreechen. Dëst war zum gréissten Deel den Erléis vum Haupeschfest 2023, awer vill manner wéi déi Joeren virdrun, dat lescht Haupeschfest war sou ze soën an d'Waasser gefall. D'Suën goufen gespend un: Télévie, Solidaritéitsaktioun vun der ACFL Pëtzer bauen op Madagaskar, ACAT, ALAN, Fondatioun Sarah Grond, Ciné Sura, d'Stroossen Englen an d'Stëmm vun der Strooss. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin. Et huet keen sech gemellt fir Comitésmember ze gin. Et wär awer wichteg nei a jonkt Blut an de Comité ze kréien fir d'Pérénitéit um Veräin secher ze stellen. D'Presidentin Linda Hartmann huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en härzleche Merci gesot fir déi wertvoll Ennerstëtzung, an huet sech gewënscht dat mer och an Zukunft esou kënne weiderfueren. D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht vun 2023 an den Ausbléck fir dëst Joër virgedroën an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht. D'Keesserevisoren hun der Caissière Entlaaschtung gin. De Comité setzt sech aus 12 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Vizepresidentin Christiane Anen, Mireille Birkel, Germaine Greischer, Alma Karic, Martine Konsbrück, Petz Neumann, Mariette Rassel, Yvonne Pistola an Sandra Schneider.