D’ Madame Elise Bisdorff-Krier vu Bäertref feiert seng 90 Joer

De lëschte 7.Juni huet Bisdorff Elise gebueren Krier säin 90. Liewensjoer erreecht. Am Krees vun der Famill gouf deen Dag dann op Mammendag am Hotel Bel-Air, wou d’Elise säit e puer Joer an der Seniorenresidenz wunnt, gefeiert. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Elise déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.

Gebuer 1932 zu Bartréng, gouf d’Elise de 10. Februar 1956 zu Bäertref mam Valentin Bisdorff bestuet. Vun do un war seng wichtegst Aufgab d’Féierung, zesummen mat sengem Mann vum deemools landeswäit wéi och international bekannte Hotel Bisdorff an der Heesbech. Leider ass de Bisdorffs Val, wéi déi Berdorfer hee genannt un, vill ze fréi schonns am Joer 1977 gestuerwen.

Zesummen mat sengen Meedercher, dem Sylvie an dem Danièle huet d’Elise deen renomméierte Hôtel mat vill Asatz trotz allem weidergefouert, an dat bis zur wuelverdéngten Pensioun. Soulaang et dat konnt huet d’Elise en Deel vun senger Pensioun all Joer am Süde vu Frankräich verbruecht, bis et net méi alleng méiglech war. Lo genéisst hat an der genannte Seniorepensioun déi lescht Joeren vu sengem mat ville schéinen an och manner schéine Momenter gefëllte Liewen, an dat ënnerstëtzt vu sengen 2 Meedercher, senger Enkelin an deem senge zwee Kanner, souwéi ville Frënn a Bekannten vun der Famill.

Mir wënschen dem Elise nach vill Courage fir déi nächste Joeren an am Wichtegsten weider eng gutt Gesondheet.