Gëllen Hochzäit vum Jean Pierre Hubert an Albertine Quinet

De viregten 30. September waren et 50 Joer hier, dat sech de Jean-Pierre Hubert vu Bäertref an d’Albertine Quinet vu Wolwen op der Gemeng zu Bäertref d’Jo-Wuert ginn hunn. Well de Papp vum Jean-Pierre, den Théodore Hubert selwer Buergermeeschter war, huet den deemolege Schäffe Leon Conrad d’Zeremonie op der Gemeng ofgehalen. No der Hochzäit hunn si bis am Jean-Pierre sengem Heemechtshaus An Huemens gewunnt. Hunn si am Ufank nach am Bauerebetrib geschafft, ass de Jean-Pierre och nach op d’Goodyear zu Colmar-Berg schaffe gaangen, wéi vill aner Bäertrëffer och. Seng Leidenschaft huet ëmmer an der handwierklecher Aarbecht bestanen, an och nach haut gesäit een hie vu moies bis owes a sengem Atelier un eppes schaffen.

Aus dem Bestietnes sinn zwee Meedercher an 2 Enkelkanner ervir gaangen

De Schäfferot huet et sech natierlech net huele gelooss, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.