Meyers Nicolas a Marie Wolter vum Biirkelt feieren hier Diamanten Hochzäit

De leschten 3. Juli hunn de Meyers’en Néckel a seng Fra d’Marie Wolter vum Biirkelt hire 60. Hochzäitsdag gefeiert, als Diamanten Hochzäit bekannt.

Op Kiermessamschden hunn si am Hôtel Perekop zu Bäertref zesumme mat der Famill dësen Dag gefeiert, an dat a Presenz vum Buergermeeschter Joe Nilles, deen hinnen am Numm vum Schäffen- a Gemengerot, a vun de Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch iwwerbruecht huet.

Den Néckel, gebuer den 22 Mäerz 1931 zu Bäertref, an d’Marie, gebuer den 3. November 1938 zu Präiteler, goufen den 3. Juli 1962 ob der Gemeng zu Bäertref bestuet. Si hunn zesummen hir d ‘Liewen um Biirkelter Haff verbruecht an am Bauerebetrib geschafft. Fënnef Kanner a véier Enkelkanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen, woumat och d ‘Nofolleg um Haff geséchert ass.

Mir wënschen der Koppel alles Guddes an nach eng Partie Joren a beschter Gesondheet derbäi.