Drënner an Driwwer: Esquimautage.

Drënner an Driwwer, am positive Sënn, goung et dëse Sonndeg an der Schwämm zu Dikrich. De lokale Paddelclub « Cercle Nautique Diekirch » C.N.D. hat nomëttes en Training am Esquimautage organiséiert.

Mat dëser Technik, kann de Paddler, dee mat sengem Boot emgekippt ass, sech neess selwer ouni friem Hëllef opriichten. Hie muss dann net méi aus sengem Paddelboot erausklammen an duerch de Floss bei d’Ufer schwammen, wat ëmmer eng geféierlech Aktioun ass. Eng iwwerliewenswichteg Technik deemno, déi esou fréi wéi méiglech an der Carrière vun engem Paddler geléiert soll ginn. Gläichzäiteg kritt dee Paddler, deen esquimautéiere kann, e Gefill vu Sécherheet a verléiert d’Aangscht virum drafalen. Esou datt hie sech vill méi séier traut, och komplizéiert Paddeltechniken ze léieren.

Duerch den neie Wëllwaasserkanal zu Dikrich an deem domat verbonnene groussen Zouwuess vu senger Memberszuel an allen Alterklassen, war et noutwendeg ginn, datt de C.N.D. eng Serie vun Esquimautage-Trainingen am Wanter organiséiert.

D’Gemeng Dikrich huet dofir dem lokale Paddelclub d’Méiglechkeet ginn, fir wärend 5 Sonndeger am Januar a Februar d’Piscine ze benotzen. Bei der éischter Séance waren eng 20 Paddler derbäi.