Den Déierekalenner fir 2018 vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng ass do!

D'Generositéit vun iwwert 12 Sponsoren - déi Dir op all Säit vum Kalenner fannt -  huet eis et erlaabt , och 2018 nees en  Déierekalenner  am DIN A3 Format an am bewäerte Stil erauszeginn.

Wéi schonn 2017 konnte mir  eis och dëst Joer d'Zesummenaarbecht mat de Schüler vun der 3e E aus dem Lycée Michel Rodange sécheren. Dës engagéiert jonk Déierefrënn hunn eis fir de Kalenner 2018 hir Aarbechten - d.h. Biller vun Honn a Kazen a verschiddene Stilrichtungen - zur Verfügung gestallt. Hir kleng Konschtwierker fannt Dir alternativ mat de Fotoe vun de Muppen a Kazen aus dem Asyl op jidderengem vun den 12 Kalennerblieder.

Doniewent bitt sech de Kalenner wéi an de vergaangene Joren als "Familljeplaner" un:

d'Terminer vun dräi Persoune kënnen iwwersiichtlech gefouert ginn.  Desweideren : vill Info'en zu de Vakanzen - Kalennerwochen - Feierdeeg - Moundphasen

De Präis bleift  onverännert mat 15.-Euro

Verkaf vum Déierekalenner entweder zu den Ëffnungszäite vum Regionalen Asyl zu Diddeleng (17h30-19 Auer) an eisem SHOP, oder iwwert eis Emailadress info@asile.lu

Bei Versand musse mer leider 5€  weider froe fir Enveloppe an Timber.

Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl -Diddeleng