Kierzlech hunn eng Grupp Schüler aus dem LNB zesumme mat hirem Régent dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng en Don iwwerreecht.
An engem Klasseprojet haten déi jonk Leit mat vill Engagement e "Fundraising" organiséiert an déi gesammelt Spenden goufen op verschidden Organisatiounen verdeelt. D'Equipe aus dem Regionalen Déierenasyl an hir 4beeneg Frënn soe villmools MERCI fir dee generéise Geste