Kierzlech war de Komitee vun den Ofschlossklassen aus dem LNB op Besuch am Déierenasyl. D'Schüler, déi dëst Joer hir 1ière oder hir 13e ofgeschloss hunn, haten iwwert d'Schouljoer duerch e puer Aktiounen, wéi Kuch verkafen oder Tombolaen, Sue gesammelt fir d'Ofschlossfeier vun hirer Lycéeszäit ze finanzéieren. Zum Schluss sinn nach stolz 550€ iwwregbliwwen, déi dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng als Spend iwwerreecht gi sinn.
Mir soe villmools Merci fir dee léiwe Geste a wënschen de jonke Leit nach vill Erfolleg op hirem weidere Studiewee.,