Chèque-Iwwerreechung am LHCE

Den 19. Juni 2017 ass an Präsenz vun der Direktioun a Schüler vum LHCE e Chèque an der Héicht vun 2 000 € iwwerreecht ginn.

Et handelt sech bei deem Montant em den Erléis vum traditionellen Chrëschtmoart deen den 20. Dezember 2016 am Lycée stattfonnt huet.

De Chèque huet Madame Cindy Lopes-Bento, eng fréier Schülerin aus dem LHCE, am Numm vun der Association pour le Développement des Communautés Villageoises aus dem Burkina Faso entgéint geholl.