De Lycée Hubert Clément Esch sammelt fir de gudden Zweck

Am Kader vun der Optioun “Bénévolat” hun d’Schüler vun 3e en Opruff op alle Klassen gemeet. All Klass sollt en “emgedréinten Adventskalenner” opstellen, d.h. 24 Saachen an enger Këscht zesummendroen . Gesammelt goufe Liewensmëttel, Wäschartikelen a Wantergezäi fir d’Aktioun “Catch a smile”. Mme Dimmer koum dunn perséinlech laanscht an am Kader vum traditionelle Chrëschtmoart an a festlecher Stëmmung am LHCE sinn di gesammelt Saachen iwerreecht ginn.