„Elèves méritants“ ausgezeechent am LHCE

Et ass mëttlerweil eng Traditioun, dat d’Schülerinnen a Schüler mat ënnerschiddleche Verdéngschter am Escher Meedercherslycée belount ginn. Berécksiichtegt ginn hei awer net nëmme schoulesch Leeschtungen, mee och sportlechen, kulturellen a sozialen Engagement, an dovunner hunn di Jugendlech an hirer Schoul genuch opzeweisen.

Ënnert der Leedung vun hirem Direkter Jean Theis a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Proffecomité, vun der Amicale a vun der Elterevereenegung krute ronn honnert Schülerinnen a Schüler fir hir gutt schoulesch Resultater en Akafsbong fir de Belval Plaza an e Certificat. Fir hiren Asaz als „Peermediateur“ souwéi fir sportlech Erfolleger gouf et jeeweils siwe Kinostickete. Ausserdeem kruten d‘Jennifer Servé an de Kevin Kunnert fir hire groussen Asatz niewent der Schoul am Kader vun de „Jonk Fuerscher“ e Präis vum Escher Lions Club iwwerreecht.