„Porte ouverte“ am LHCE

Den 20. Mee hat de Lycée Hubert Clément erëm seng Dieren opgemaach an och dëst Joer war den Undrang immens grouss. Ganz vill Famillen hunn dovunner profitéiert, hire Kanner eng méiglech schoulesch Zukunftsperspektiv ze weisen.

Iwwer 150 Schülerinnen a Schüler a vill Membere vum gesamte Personal hunn et sech net huele gelooss, hier Schoul ze weisen a si am richtege Liicht ze presentéieren.

A verschiddene Informatiounsseancen huet d’Direktioun d’Eckpunkte vum Wiessel an den „Enseignement secondaire“ viru méi wéi 500 Leit virgestallt an dobäi op d’Stäerkte vun hirem Lycée higewisen. Vun deene konnte sech d’Visiteuren dann och an enger engagéierter a familiärer Ambiance op 15 Informatiounsstänn an a fënnef Atelieren iwwerzeegen. D‘Proffen hu gemeinsam mat Schüler d‘ Visite-guidéeën organiséiert an d’Elterevereenegung huet fir dat läiflecht Wuel vu Grouss a Kléng gesuergt.