Scheckiwwerreechung am LHCE

Den 11. Mai 2018 ass an Präsenz vun der Direktioun a Schüler vum LHCE e Chèque an der Héicht vun 2 000 € iwwerreecht ginn.
Et handelt sech bei deem Montant em den Erléis vum traditionellen Chrëschtmoart deen den 12. Dezember 2017 am Lycée stattfonnt huet.
De Chèque hunn den Här an d'Madame Ludwig vun der Associatioun Niños de la Tierra entgéint geholl, an dat am Numm vun der Madame Diane Catani fir déi den Erléis ass an déi domadder hieren Projet Teatro Bus am Chile finanzéiert.