D’Amicale des Anciens SPUERKEESS war d’Schleis vu Gréiwemaacher besichen.

Dat impressionnant Bauwierk besteet nieft der grousser Schleis selwer och nach aus enger vill méi klenger Schleis, 2 komplett ofsenkbare Stauwierer, déi fir d’Reguléiere vum Waasserniveau noutwendeg sinn an enger Hydroelektrescher Fabrick. Eng Fëschleeder ass dann och nach derbäi.

De Grupp vun 30 Leit huet missen an 2 opgedeelt ginn, well et an de Galerien déi ënnert der Musel erduerch ginn zimmlech enk war. Et war och derwäert fir déi vill Treppeléken erof an erëm erop ze goen fir esou en eemolegen Abléck an d’Banneliewe vun den Infrastrukturen ze kréien, deenen een hir bal 60 Joer net ugesäit.

Déi 2 super Guiden hu mat hirem Fachwëssen imponéiert an hunn och déi eng oder aner Anekdot zum beschte ginn. Zum Schluss vun der Visitt konnt de Grupp sech am „Poste de commande“ nach eng Kéier en Iwwerbléck iwwer déi ganz Installatioun an hir Steierung maachen.

No der Visitt vun der Schleis an dem Stauwierk war Rendezvous am Restaurant „Savory“ zu Gréiwemaacher. Do waren awer am ganze 47 Leit an och hei war, wéi ëmmer bei den Aktivitéite vun der Amicale, eng ganz gutt Ambiance.