Buergbrennen 2023 zu Housen

Samschdes de 25. Februar 2023 gouf zu Housen traditionell d'Buerg verbrannt, dëst ënnert der Organisatioun vun der FOAH Asbl an Zesummenaarbecht mat der neier Houser Jeunesse, déi sech em de leifleche Wuel vun de Leit bekëmmert huet.

Bei kalem Wanterwieder gouf d'Buerg de ganzen Dag iwwer gebonnen an opgebaut fir owes verbrannt ze ginn.

Nei war dann dëst Joer déi 1. Editioun vun der Kannerbuerg wou déi nächst Generatioun eng Minibuerg als Kopie vun der grousser nogebaut huet an stolz niewendrun opgeriicht huet.


Mir soen alle Leit Merci déi eis ënnerstëtzt hunn an déi op iergend eng Aart a Weis eng Hand mat ugepaakt hunn.

Bei owes dréchenem Wieder, ass domat de Wanter verabschid ginn a mir freeën eis op d'Fréijoer an op de Summer mam OPEN-AIR HOUSEN 2023!

Mir soen de Leit Merci fir d'Kommen.

Bis 2024!