Generalversammlung Frënn vum OPEN-AIR Housen Asbl mat Scheckiwwerreechung

De Samschdeg 3. Februar 2024 hate sech d'Membere vun de Frënn vum OPEN-AIR Housen Asbl, a Presenz vun de Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, zu Housen am Centre culturel afonnt, fir hir alljärlech uerdentlech Generalversammlung ofzehalen.

Nieft deene reguläre Punkte goufen och d'Statute vun der Asbl un dat neit Gesetz ugepasst.

Mam Erléis vum OPEN-AIR 2023, deen op een Neits ee volle Succès war, huet de Comité dunn ee Scheck vu 5.000.- Euro un d'Associatioun "ALAN- Maladies rares" iwwerreecht. D'Madamm Anne Thoma vun der Associatioun huet dëse Scheck dankend entgéintgeholl an der Versammlung erkläert, wat genau d'Aufgaben an d'Missioune vun der ALAN (www.alan.lu) sinn an och wéi vill Leit am Alldag mat sou enger Maladie rare confrontéiert sinn an op hir Hëllef zréckgräifen.

Duerno war et de Buergermeeschter Romain Wester, deen dem Veräin felicitéiert huet fir seng gutt a vill Aarbecht déi am Laf vum Joer geleescht gouf an och fir déi gutt Zesummenaarbecht an Disziplin bei dem Ofhalen vum OPEN-AIR Housen.

De Veräinspresident Roland Heinen huet dunn een Ausbléck op dat kommend Joer gemaach, wat ganz am Zeeche vun 2 Anniversairë steet - sou ass et de 15. Gebuertsdag vum Veräin an dann och déi 25. Editioun vum OPEN-AIR Housen.

Natierlech ass dëst Grond a Motivatioun genuch fir op een Neits ee ganz flotte Programm op d'Been ze stelle fir den OPEN-AIR 2024, deen de 5. a 6. Juli wäert stattfannen.

Virop konnt verrode ginn, datt niewent deene beschte lëtzebuerger DJ'en och erëm international renomméiert DJ'en konnte gebucht ginn an demnächst am offizielle Release vum Event dem Public wäerte präsentéiert ginn.

Als Ofschloss vun der Versammlung gouf op ee Patt an ee Maufel invitéiert an den Owend ass esou geselleg ausklénge gelooss ginn.

Den nächste R.-V. ass dat traditionellt Buergbrennen wat Samschdes de 17. Februar zu Housen stattfënnt.