Buergbrennen 2024 zu Housen

Samschdes de 17. Februar 2024 gouf zu Housen traditionell d'Buerg verbrannt, dëst ënnert der Organisatioun vun der FOAH Asbl an Zesummenaarbecht mat der Houser Jeunesse, déi sech em de leifleche Wuel vun de Leit bekëmmert huet, a schonns Fuessamschdeg vun Haus zu Haus ophiewe war.

Bei frëndlechem Wieder a gudder Laun gouf d'Buerg de ganzen Dag iwwer gebonnen an opgebaut fir owes verbrannt ze ginn.

Och d'Kannerbuerg déi fir déi 2. Kéier gebaut gouf hat vill Zousproch fonnt a vill jonk Buergbauer waren hei op d'Plaz komm fir aktiv hiert Kräiz ze bannen an opzebauen. Sou stoung dann niewent der grousser Buerg eng exakt Kopie am klénge gebaut vun den Houser Kanner.

Mir soen alle Leit Merci déi eis ënnerstëtzt hunn an déi op iergend eng Aart a Weis eng Hand mat ugepaakt hunn.

Ganz vill Awunner a Famille waren och Owes um Fakelzuch mat dobäi wat fir eis eng grouss Freed war.

Bei owes dréchenem Wieder, ass domat de Wanter verabschid ginn a mir freeën eis op d'Fréijoer an op de Summer mam OPEN-AIR HOUSEN 2024!

Mir soen de Leit Merci fir d'Kommen.

Bis 2025!