45. "Journée de l'Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg"
Wéi vill Erënnerunge wuel iwwer d’Dëscher ewech ausgetosch gi sinn, wéi elo kuerz d’„Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg“ op hirer 45. „Journée des Anciens“ zesummesoutz? Net vun ongeféier vill, ganz vill, well zu Zäite vun der Paulus-Dréckerei waren all Publikatiounen, déi an hirem Verlag erauskomm sinn, vun Ufank bis Enn „am Haus“ produzéiert ginn. An d’Paulus-Dréckerei hat esou honnerte Familljen e gutt Akommes bidde kënnen … - Zréckkucken konnten der nach en etlech bis an d’Zäite vum legendäre Bläisaz, deen ëm 1980 Geschicht gouf. Nom Bläisaz koum de Fotosaz, duerno den digitale mat no an no ëmmer manner handwierklecher Aerbecht a méi schwéieren Zäite fir d’Printmedien. Mam Resultat, datt „Saint-Paul“ am Abrëll 2020 an de Grupp Mediahuis iwwergaangen ass. - Et bleiwen also just nach d’Erënnerungen, vill ganz schéiner, wat op der Journée am Restaurant Delicious zu Éiter net z’iwwerhéiere war. Net z’iwwerhéiere waren och de Luef fir d’Kichenekipp an den Zerwiss souwéi den eestëmmege Prost op den Éirepresident Josy Lorent a seng Madamm Christine, déi sech de leschten 29. September zu Wien bestuet hunn. Si haten op den Apéritif „Schampagner an Amuse-Bouchen“ invitéiert. Gléckwënsch vu Säite vun der Amicale duerch de President Jean-Paul Schneider (Foto).