Groussaarteg aktiv, an hëllefsbereet

D’Luxroots-Fräiwëlleg ënnerstëtzen dräi sozial Wierker


Se sinn duebel groussaarteg aktiv, déi haut 80 Luxroots-Fräiwëlleg! Grousssaarteg an hirer Aktivitéit, original Gebuurts-, Heirats- a Stierfakten vu virun 1924 bis zréck an d’17. Joerhonnert schrëftlech z’erfaassen a se iwwer Internet jidder Intresséierten zougänglech ze maachen. Den néidegen techneschen Opwand fir dat Ganzt, zemools d’Späicherung vun deen haut ereechte bal 3,5 Milliounen Daten, ass allerdéngs mat en etleche Käschte verbonn. Duefir kann d’Liesen oder d‘Auswäertung vun den iwwerschriwwenen Akten nëmmen iwwer de Wee vun engem Abonnement oder, wa fir e professionelle Gebrauch bestëmmt, mat engem finanziellen Apport méiglech gemeet ginn. Nokomme vun de ville Lëtzebuerger Auswanderer an d’ganz Welt si fläisseg Abonnenten – a leeschten domat, wéi d’Benotzer heiheem, indirekt sozial Hëllef. Luxroots ënnerstëtzt nämlech mat sengem finanziellen Iwwerschoss regelméisseg sozial Wierker. Ugangs Dezember sinn dëst Joer bei Geleeënheet vun engem Mataarbechter-Briefing (am Restaurant Delicious zu ÉIter) un dräi Organisatiounen zesummen net manner wéi 9.000 Euro iwwerreecht ginn. Och groussaarteg! Fir de Foyer Éisleker Heem (ënnerstëtzt a fënnef Strukturen Erwuessener mat liichter bis mëttelschwéierer geeschteger Behënnerung) konnten d’Directrice Tania Majeres, fir d‘Action Solidarité Bonnevoie d’Coordinatrice Jeannine Linster a fir Cent-Boutique Beetebuerg (déi dräi CB-Strukturen ënnerstëtzen am Minett bis zu 1.000 Famillen) de President Arthur Besch e Scheck vu je 3000 Euro entgéinthuelen.