E Scheck vun 1 250 Euro vun der „Ecole Internationale Mersch Anne Beffort fir „un sourire pour le Sénégal“
Miersch: D’SchülerInnen an d’Enseignante vun der École Internationale Mersch Anne Beffort (EIMAB), d’Erzéier vun der Maison Relais Inter-Actions sou wéi den Elterecomité hunn duerch verschidden Aktivitéiten Sue gesammelt, déi offiziell un d’Associatioun Un Sourire pour le Sénégal iwwerreecht gi sinn. De Scheck vun 1 250 Euro ass am Kader vun enger klenger Feier dunn offiziell iwerreecht gin.
Zil war et, d’SchülerInnen fir sozialt Engagement ze sensibiliséieren a gläichzäiteg d’Aarbecht vun der Organisatioun am Senegal z’ënnerstëtzen. Mat de Sue ginn ënnerschiddlech Projeten ënnerstëtzt, déi d’Liewensbedingungen vu Kanner a Famillen op der Plaz verbesseren. (Foto: Charles Reiser)