Wien hëlleft eis bei der "Aktioun Gëlle Fra"?

D’Gemeng Käerjeng sicht Fräiwëlleger déi an der Gëlle Fra Ausstellung eng Hand matt upaken, als Guide, beim Catering, am Accueil oder op aner Plazen...

Interessente kënnen sech bis den 12. November 2010 op der Gemeng mellen, beim:

Firmin Martiny, Tel.: 500 552 210, firmin.martiny@bascharage.lu,

Carmen Meysembourg, Tel.: 500 552 208, carmen.meysembourg@bascharage.lu,

Sheila Samida, Tel.: 500 552 238, sheila.samida@bascharage.lu.

En Formulaire fir Iech unzemellen,fant dir op der Internetsäit vun der Gemeng Bascharage, www.bascharage.lu.

D’Ausstellung matt a ronderëm d’Gëlle Fra gëtt organiséiert vun der Gemeng Käerjeng, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère an der Agence luxembourgeoise d’action culturelle a matt der Ennerstëtzung aus dem Privatsecteur, vum
10. Dezember 2010 bis den 23. Januar 2011 an der Hall 75 zu Käerjeng.

D’Ausstellung ass all Dag op, vu Méindes bis Freides vu 16.00 bis 20.00 Auer, matt enger Nocturne donneschtes (22.00), de Weekend vu 15.00 bis 19.00 Auer an op Rendez-vous fir Gruppen.