2021_12_11 & 12 Flic Flac - Gala Royal 2021

No zwee laangen Joren konnten dem Flic-Flac Déifferdeng seng ronn 300 Memberen hiert Talent beweisen.


Dass hiren Gala Royal an eng nei Hal verluet ginn ass ,huet dem Veräin iwwerhaapt net geschuet. Den royalen Style huet dozou bäigedroe, dass Samschdes an Sonndes keng Platzen méi iwwereg bliwwen sinn.


Turn Sektiounen:


Eis jéngsten Turner ginn vum Alessio Orazi an Monica Martinho Fernandes geleet. D’Juniore stinn ënnert der Leedung vum Cristiana Lima Pedroso an Serena Rizzuti, a Seniore vum Jill Ciancanelli an Tamara Cabral Varela. Eis leschten Turn Sektioun, Minis a Juniors Competitioun, ginn trainéiert vum Sophie Belot an Carolina Neto Golçalves.


Danz Sektioun:


Tatiana Gomes trainéiert eis Teens an Adulten vum Modern Dance, den Zumba souwéi den Dance Kids steet ënnert der Leedung vum Paula Lima an den Hip-Hop vum Laura Mosca. Den Jazz Teens gëtt vum Laura Gindt an den Jazz Adultes vum Laetitia Boes trainéiert. Vum Jill Ciancanelli an Sabrina Specchio gëtt déi leschten Danz Sektioun, den Freestyle, trainéiert.


Cheerleader déi ënnert der Leedung vum Morgane an Michelle Peters stinn, hunn mat hiren spektakulären Stunts an energescher Choreographie d’Publikum an hiren Bann gezunn.


Zum Schluss dierfen d’Pyramiden, déi säit méi wie 8 Joren ënnert der Leedung vum Sabrina Specchio stinn, net vergiess ginn. Wie all Joers goufen se vun den Spectateuren an vum Veräin duerch hier Aussergewéinlechkeet ganz héisch gelueft.


Een groussen Merci un den Claude Piscitelli dass hien eis, wei all Joer, déi schéin Momenter mat sengen Fotoen festhëlt.


Fir all déi interesséiert sinn bis an d’Kueren schnupperen ze kommen, kennen ob Facebook, Instagramm an um Internetsite: https://flicflac.lu all Informatioun dozou fannen.


Dir kennt eis och gäeren per E-Mail kontaktéieren: contact@flicflac.lu