Réiden/Atert: Mat Kadoen a Blummen sin nit manner wi 23 Bewunner Vun de Méint Mee a Juni bei der gemeinsamer Gebuertsdagsfeier, Mëtt Juli am Réidener Altersheim, geéiert gin. Fir den Home- Direkter Dany Oestreicher war et duefir och eng besonnesch Freed, fir zesummen mat sengem Personal, allen Gebuertsdagskanner häerzlich ze gratuléiren an och weiderhin och nach eng gut Gesondheet an Zefriddenheet ze wënschen. Bei flotter Ënnerhaalungsmusik vum Rol Girres ass de grousse Gebuertsdagskuch och opgeschnidde gin. Zesummen mat hire Familljen huet jiddereen sech den gut gefëllten Teller um Festdësch och gut schmaache geloos. D’Jubilaren vum Mount Mee: Ries Aloyse (92 Joer ), Asseray- Mangen Joséphine (93), Kaufmann-Unsen Anne (92), Schronen- Rasqué Catherine (83), Collard- Reuter Cécile (85) , Zacharias- Conrardy Félicie (89), Wanderscheid- Belche Raymonde (88), Feinen -Jacoby Alice (90), Nerantzis- Gibson Susan (84), Gratia- Wagner Georgette (94), Bredimus Joseph (78), Gloesener- Schleich Josée (90) an Karger- Weis Jacqueline (85). Mount Juni: Meyer- Pint Léonie (89), Meis Michel (83), Reiser- Agnes Elise (89), Reyland- Sabus Anne Hélène (93), Eyschen- Hilbert Nicole (74), Wald- Wagener Maria (83), Schmitz Jean Joseph (88), Kneip Nicolas (94), Welter Jean Emile (81) an Wagener- Haas Renée (91). (CR) (Foto: Charles Reiser)