Grouss Gebuertsdagsfeier am HPPA Réiden/Atert

Rousen a Geschenker fir 33 Jubilaren


Réiden/Atert: No 3 Méint Paus ass di schéin Traditioun fir d’Jubilaren vun de Méint Juni, Juli an August fir hiren Gebuertsdag am Home Saint François ze éieren och weidergefuert gin. Fir den Home- Direkter Dany Oestreicher mat sengem Team vum Club R war et eng besonnesch Freed am festlich gerëschtem Saal allen 33 Gebuertsdagskanner mat enger Rous an engem klenge Kado dat Allerbëscht an och weiderhin eng stabil Gesondheet zu wënschen. Richtig Gebuertsdagsstëmmung war de ganze Nommëtteg ugesoot, wou den Entertainer Rol Gieres mat flotter Ënnerhaalungsmusek fir angenehm Momenter an engem kräftigen Happy Birthday zesummen mat den Memberen vun der Famill bei einem Glas Crémant, Kaffi zesummen mat engem deftigen Teller an Gebuertsdagskuch, gesuergt huet. D’Jubilaren fir de Mount Juni: Léonie Meyer -Pint (87 Joer), Margot Guth-Hemes (96), Michel Meis (81) Delphine Fisch- Hennicot (94), Maria Wald- Wagener (81), Jean Joseph Schmitz (86), Catherine Gereke- Schmit (91) a Renée Wagener- Haas (89). Mount Juli: Céline Peller- Knaus (88), Louise Bildgen-Kohl (95), Julie Mélanie Boden- Claude (96), Marie Madeleine Meiers (80), Henri Heidesch (82), Jos Lang (81), Lucien- Jean Pierre Colbett (88), Philomène Mores-Heiderscheid (88), Annette Schroeder-Seyler (83), Irène Didier (91), Georgette Wantz- Leytem (83), Pierre Braun (78), Andrée Schaus-Reisen (86) an Marcel Risch (87). Mount August: Jeanny Haas- Bockler (77), Léonore Jacoby- Thill (80), Jeanne Bintener- Leytem (84), Julie Wohl (92), Justine Derneden- Waltzing (94), Liliane Hebeler-Fincoeur (87), Margot Hoffmann- Clesen (84), Georgette Elsen- Degros (89), Louis Diederich (95), AlpAChonsine Schreiber- Trierweiler (83) an Sr. Aurelia Mores (88). (CR) (Foto: Charles Reiser)