Happy Birthday fir 23 Jubilaren am HPPA Réiden/Atert


Réiden/Atert: Festlich gerëscht war de Festsall, wou am Kader vun enger schéiner Feier nit manner wi 23 Matbewunner , Donneschden, den 25. September am Home pour personnes agées“ Saint François zu Réiden/Atert mat engem Kado an enger Rous géiert gi sin. No de Wierder vu Wëllkomm huet den Home- Direkter Dany Oestreicher all denen Jubilaren, déi an de Méint Juli an August gebuere sin, Gratulatiounen an di bäschte Glëckwënsch vun der Direktioun mam ganzen Personal iwerbruecht, awer och de Familljen vun den Gebuertdagskanner, merci gesoot fir hir Presenz. D’Lisa Mariotto huet mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir gut Stëmmung am Sall gesuergt. E Glas Crémant, e gut gefëllten Teller mat engem Stéck Gebuertsdagskuch hun och zu deser flotter Feier bäigedroen. No e puer angenehmer Stonnen huet dess schéi Gebuertsdagsfeier hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren vum Mount Juli: Wagner- Patron Laure (84 Joer), Peller- Knaus Céline (90), Biltgen- Kohl Louise (97), Wandrey- Rech Marie Regine (86), Heidesch Henri (84), Lang Jos (83), Colbette Lucien Jean-Pierre (90), Braun Pierre (80) an Schaus- Reisen Andrée (88). Mount August: Pletschette- Thoma Elvire (81), Ries- Majerus Albertine (85), Hass- Bockler Jeanny (79), Schiltz- Schwartz Marie- Louise (80), Jacoby- Thill Léonore (82), Bintener- Leytem Jeanne (86), Wohl Juli (94), Hebeler- Fincoeur Liliane (89), Hoffmann- Clesen Margot (86), Schoujean- Hoffmann Marie Antoinette (78), Elsen- Degros Georgette (91), Schreiber- Trierweiler Alphonsine (85), Sinner Nicole Eugénie (80) an Sr. Aurélia Mores (90). (CR) (Foto: Charles Reiser)