Fréijoersbotz 2026

Den 21. Mäerz gouf zu Schëffleng nees drop lass gebotzt!


Zesumme mat der Ëmweltkommissioun huet d’Gemeng Schëffleng en Opruff gemaach, deem nawell vill Leit nokomm sinn. Iwwer 100 Persounen hunn sech um Parking vum Hall Polyvalent getraff, sech mat Picken, Händschen, Gileten a Tuten ekipéiert a sinn dunn a klenge Gruppen duerch d’Gemeng gaangen, fir Knascht opzerafen.


D’Participant·innen, dorënner och vill Kanner, Memberen aus dem Gemengerot, aus verschiddene Kommissiounen a Veräiner, waren um Start an hunn d’Trottoiren, d’Bësch- an d’Vëlosweeër sou gutt wéi méiglech propper gemaach. Zum Schluss konnt een sech mat enger gudder Lasagne stäerken.


E grousse Merci un all kleng a grouss Hänn fir hir Hëllef.