Generalversammlung Sports Loisirs Ëlwen

Am Februar haat de Sports Loisirs Ëlwen hirr Generalversammlung am Sall van der Gemeng.

D‘Präsidentin Jeanny Jans-Kremer hatt d’Membere wëllkom geheescht an der Gemeng Merci gesot, firr hirr Ënnerstëtzung. De Veräin, deen 2009 gegrënnt guff, ziällt mëttlerweil 32 Memberen.

D’Sekretärin Pia Mutsch-Eicher hatt den Aktivitéitsbericht virgedroon, dee mol rëm goud gefëllt wor no 2 Joer Pandemie. Geturnt guff ëmmer Moondes an Donneschdes ënnert der Leedung van der Trainerin Mariette De Dood-Lubowski.

De jährlichen Ausfluch gung op Oostende wu d‘Nadine Eicher flott Trëppeltir organiséiert haat. 19 Damme wore matt an et hatt hinne gout gefallen.

Den 20. November wor den Thé Dansant, dee ganz vill Succès hat, om Äennersmaart an om Chrëstmaart zu Huldang guffe Bastelaarbichten a selwer gebaacke Kéichelcher verkooft.

Mariette De Dood-Lubowski hatt de Caissebericht virgedroon an di zwee Kasserevisoren Nadine Eicher a Viviane Sagramola, haaten näist ze beanstanden, su datt de Caissier an de Comité Decharge kruten.

De Comité setzt sich folgendermoossen zesammen : Marie-Rose Badelle-Reuter, Théa Bock, Mariette De Dood-Lubowski, Hélène Gelhausen-Gritten, Maggy Hahn-Becker, Jeanny Jans-Kremer, Michèle Kamesch-Stempel, Pia Mutsch-Eicher a Gerty Stempel-Leyder.

De Conseiller Carlo Schroeder hatt dem Veräin Merci gesot a vill Erfolig firr d’Zukunft gewënscht.

No der Versammlung gung et op ent gemütlicht Eessen an de Restaurant „A Péitesch“ op Eselburren.

Plus de nouvelles de Jean Mutsch >