Sports Loisirs Ëlwen


Afank Februar guff d’Generalversammlung vam Sports Loisirs Ëlwen am Sall van der Gemeng ënnert dem Covidcheck 2G+ gehalen.

D¨Präsidentin Josée Haag hatt d’Membere wëllkom geheescht an der Gemeng Merci gesot, fir hir Ënnerstëtzung. De Veräin, deen 2009 gegrënnt, guff ziällt mëttlerweil 29 Memberen.

D’Sekretärin Pia Mutsch-Eicher hatt den Aktivitéitsbericht virgedroon, dee wéinst Covid19 zimlich kleng wor. Geturnt guff ewer ëmmer Moondes an Donneschdes Owes.

Den Taekwando krut Merci gesot, well si eng Stonn getosch han, su datt Donneschdes lo well em 17.15 Auer geturnt gëtt, watt den Dammen vill besser gefällt.

Om Äennersmaart guffe Bastelaarbichten a selwer gebacke Kéichelcher verkooft.

Mariette De Dood-Lubowski hatt de Caissebericht virgedroon an di zwee Kasserevisoren, Simone Breuskin a Viviane Sagramola, haaten näist ze beanstanden, su datt de Caissier an de Comité Decharge kruten.

Am Comité wor et d’Präsidentin Josée Haag di demisionnéiert hatt. Si krutt een härzliche Merci a Form van Applaus a Bloumen.

De Comité setzt sich folgendermoossen zesammen : Marie-Rose Badelle-Reuter, Théa Bock, Mariette De Dood-Lubowski, Hélène Gelhausen-Gritten, Maggy Hahn-Becker, Jeanny Jans-Kremer, Michèle Kamesch-Stempel, Pia Mutsch-Eicher a Gerty Stempel-Leyder.

D’Madame Marie Geib-Mentzior, di net mi turnen kënnt, krut o en décken Applaus a Merci gesot, fir e Patt, deen si zum Besten gienn hat.

Schäffen Norbert Breuskin hatt dem Veräin Merci gesot a vill Erfolig firr d’Zukunft gewënscht.

No der Versammlung gung et op ent gemütlicht Eessen an de Restaurant „A Péitesch“ op Eselburren.

Plus de nouvelles de Jean Mutsch >