Scheckiwerrechung vun Fifty-One Musel

D'Associatioun Île aux Clowns freet sech iwwer den Don vun den

Fifty-One International Club vun der Musel

Sie hun dest Joer Fiederwäissen an der Groussgaass verkaaf an den Erléis ass feierlech den 09.11 vun hire Memberen un Ile aux Clowns an un Fondatioun APEMH iwwerreecht ginn.

Mat der Hëllef vun dësem generéisen Don, kënne mer weiderhin e Laachen an d'Gesiichter vu Grouss a Kleng zauberen an esou deene Mënsche schéi Momenter schenken, deenen et net esou gutt geet.

E grousse Merci un all déi, déi Ile aux Clowns ënnerstëtzen.