25 Käerze fir d' "Allënster Duerffrënn"

Op Kiermessonndeg hunn d' "Allënster Duerffrënn" hire 25. Gebuertsdag gefeiert. D'Feier ass e Samschdeg ugaange mat engem Bal am Festzelt. E Sonndeg war eng Mass am Zelt, déi vum Paschtouer Francis Erasmy zelebréiert ginn ass. Dës Mass ass gesanglech verschéinert ginn duerch d' Chorale Guedber/Roudemer ënnert der Direktioun vum Yvette Beidler-Wagner; op der Uergel huet de Jean Freimann gespillt .Nom Gottesdéngscht war dunn den Hämmelsmarsch, dee vun der Bierger Musek gespillt ginn ass. Ëm halwer 12 huet de President vum Veräin, de Romain Kolbach, d'Eieregäscht am Zelt empfaangen: den Eierebuergermeeschter Denis Dimmer, d'Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn an de Buergermeeschter an de Schäffe vun Üdersdorf, de Klaus Schmitt an de Günter Altmeier. Virum Iessen huet d'Gemeng den Eierewäin offréiert, éier d'Kiermeszopp zervéiert ginn ass. Duerno gout et Paschtéit oder Ham, Fritten an Zalot an e gudden Dessert. Ëm 15 Auer huet de Guedber Mandolineveräin als Ofschloss e flotte Concert ënnert der Leedung vum Patrick Christen gespillt.