Allënster : Bommesuccès fir de « Keltëschen Owend 2013 »

E grousse Succès hat och déi drëtt Oplo vum « Keltëschen Owend », deen erëm eng Kéier op der « Frey-Lay » - net wäit vun der bekannter « Häertges-Lay » - am Bësch tëschen Allënster a Guedber vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Jonglënster organiséiert gi war. Ronn 450 Leit ware komm, fir sech dee Spektakel op deer fréierer keltëscher Kultplaz, bei Fakelschäin tëschent deene geheimnisvolle Fielsen unzekucken an unzehéieren. D’ « Lëtzebuerger Pipe Band » huet déi vill Leit vun der « Schléifmillen » mat Dudelsakmusek bis op d’Plaz begleet, wou si och nach e Concert mat passende Melodie gespilt huet. Si ass duerno ofgeléist gi vun der keltëschet Band « Jack in the Green ». Fir de Catering hunn déi « Iernster Stoussnéckelen » gesuergt, an als Menü ass eng Druidenzopp – Lënsenzopp mat Speck a Mettwurscht a mat Kreider aus dem Bësch – zervéiert ginn. Zum Schluss hunn d’Membre vun der Kulturkommissioun deem begeeschterte Publikum misse verspriechen, fir déi 4. Oplo keng zwee Jar ze waarden, mee si schon dat nächst Jar z’organiséieren. (dd)