Lënster: Grousst Summerfest am CIPA

D' "Amicale du Centre Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte" (CIPA) hat hiert tradionellt Summerfest am CIPA zu Lënster. Den Ufank huet eng feierlech Houmass gemaach, déi vum Paschtouer Francis Erasmy zelebréiert ginn ass an déi de Lënster Gesangveräin op eng bravouréis Aart a Weis gesongen huet. Virun ass et du gaange mat engem flotte Concert-Apéritif, dien d'Lënster Musek gespillt huet. De President vun der Amicale, Denis Dimmer, huet all deenen, déi op iergend eng Manéier aktiv un der Organisatioun vum Fest bedeelegt waren, en décke Merci gesot an en huet deene ville Leit, déi do waren, e flotten Nomëtteg gewënscht. D'Kottletten, d'Grillzoossissen an d'Mettwurschten waren du fäerdeg an e schéinen Zalote-Buffet war opgeriicht. D'Leit all hu sech beluewt iwwert d'Qualitéit vum Iessen, vun den Eisekuchen a vun deene villen Deserten. Och déi Responsabel vum Comptoir haten hir voll Beschäftegung. Eng flott Tombola ass ausgespillt ginn, a vill glécklech Gewënner hunn e schéine Kaddo mat heem geholl. (dd)