Vill Leit schon um Samsdeg bei "Allënster, fréier an haut"

Viru 25 Jar ass de Veräin "Allënster Duerffrënn" an d'Liewe geruff ginn. Elo ass de Moment do, fir dee Gebuertsdag anständeg ze feieren.

An dat maachen och déi Allënster Lett. Haut, den 20. Juli, a mar, den 21. Juli, steet dat léift Duerf un der wäisser Äerenz ganz am Zeeche vun den Duerffrënn. Ob Member vum Veräin oder net, all maache si mat. An enger Wiss niewent der Bierger Strooss sinn eng Rei Zelter opgeriicht, wou fir de Catering vun allen Zorte gesuergt ass. Eng flott an interessant Ausstellung vun Maschinnen aus deene leschte 60 Jar bis hett kritt een do ze gesinn. Och en Heemelzoo mat Päerd, Schof, Kéi, Kalwer, Kanengercher kann ee kucke goen. Um Sonndeg sinn d'Päerd vu Munzen do fir ze weisen, wéi fréier den Heemount gemaach ginn ass. Op ville Spiller kënnen d'Kanner sech flott ameséieren. Produkter aus der Géigend kritt ee bei verschiddene Stänn ze kafen.

Bei engem Ronnbotte-Renne kënnen Equipe vun dräi Leit hiert Kënnen an hir Stäerkt ënner Bewäis stellen. D'Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn huet d'Fest opgemaach, duerfir huet si missen en déckt Schlass vun enger Pierchepaart opbriechen. Si huet den Allënster Duerffrënn en décke Merci gesot fir hir vill a flott Aktivitéiten a si huet hirer Organisatioum zum 25. Anniversaire e grousse Succès gewënscht.

D'Leit all, déi haut schon do waren, ware sech eens: En immens flott Fest, dat een net soll verpassen. Also haut oder spéitstens mar op Allënster fir mat den Duerffrënn hire Gebuertsdag ze feieren! De President Romain Kolbach, de ganze Comité, d'Membren alleguerten an all Leit vun Allënster si prett, fir ganz vill Besuch z'empfänken. (Sonndes vun 10 Auer un.) Den Entrés ass 3 Euro; Kanner bis 12 Jar si fräi. Et lount sech!