Dem Heng Hoffmann eng erhuelsam Pensioun gewënscht


Angelsbierg: Eng aal Ära mat ganz villen Erliefnisser déi zu Enn geet, an eng nei di ufänkt. Esou stong op dem Heng Hoffmann senger Invitatioun, déi hien no iwer 47 Joer am Dingst beim Staat zesummen mat sengen Arbechtkollegen am Restaurant Schweebecherbréck gefeiert huet. Den Henri genannt Heng Hoffmann, gebuer den 27. Januar 1958 zu Ettelbréck, als 4. Kand vum Goerges a Mariechen Hoffmann- Lucas vu Rëmmerig (Préizerdaul). Seng Kandheet, Schoul- a Jugendzäit, déi hien zesummen mat sengen Elteren a Geschwëster a sengem Heemechstsduerf verbruecht huet a no senge Lycéesjoeren an d’Arméi agezu gouf, dono seng Kandidatur fir d’Douane gestallt huet, an elo viru kuurzem an d’Pensioun gaangen ass an den Ufank beim Staat huet dunn den 21. Juli 1975 ugefangen, wéi hienan de fräiwëllegen Déngst vun der Armé ugtrueden ass. Dono gong et den 21. Juli 1978 an d’Douansverwaltung a mam akraaftriede vum marché unique den 1. Januar 1993, an de Centre douanier op den Houwald. No verschidden Servicer op desem Gebit koum den Heng vun 2008 bis 2010 an de Service Budget vun der Direktioun gouf hien den 15. Juni 2010 an Division des Attributions sécuritaires affektéiert an dat bis den 1. Mäerz 2021. An deser Divisioun, ënnert der Leedung vum deemolege Chef Guy Loesch war hien als Greffier täteg. Di läscht 2 Joer vun senger Karrière huet den Heng an der Division Coopération nationale et internationale verriicht, ass an d’Carrière B1 als Redakter par voie expresse eropgestigen fir schlussendlich den 1. Oktober 2017 an de grade vum Controlleur adjoint bis zum inspecteur principal 1er rang, mat enger schéiner Carrière a sengt aktivt Berufsliewen ofzeschléissen. Op sengem 65. Liewensjoer de 27. Januar 2023 ass den Heng Hoffmann elo a Pensioun gaangen an d’Kollegen hun och mat engem schéine Kado opgewaart, nämlech eng Auto’s Remorque déi bei sengem passionéirten Hobby, der Gaardenaarbecht voll a ganz an den Aasatz könnt. Zum Schluss vun deser schéiner Abschiedsfeier hun d’Kollegen dem Heng zesummen mat senger Fra Marie- Claire zu Angelsbierg, sengen 2 Kanner a 4 Enkelkanner eng erhuelsam Pensioun am Krees vu senger Famill gewënscht. (CR) (Foto: Charel Reiser)